Japan - Land der aufgehenden Sonne

 Wat mech de Moment am meeschte begeeschtert ass JAPAN. Ech sinn amgang japanesch ze léieren a war am Juli 2017 fir d' éischte Kéier do. Mir si mat ANA Airlines geflunn an haten ee Starwars- Fliiger. Den Direktfluch vun Düsseldorf aus op Narita huet 12 Stonne gedauert mee den Entertainment u Bord war gutt, japanescht Iessen an de Vol goung nuets. 

A Japan selwer si mir vill mam Shinkansen gefuer. Mir haten eis virdrun ee Japan-Railpass organiséiert. 

Eis Rees huet eis op Kyoto gefouert, dono Hiroshima, Akihabara, Shinjuku, Shibuya an Harajuku. 

Wann Dir och emol wëllt a Japan reesen a Froën dozou hudd, kënt Dir mech gär uschreiwen. 

Déi nächst Rees gung op Okinawa      ( die Insel der Hundertjährigen), Fukuoka, Osaka a nees Tokyo. Et war immens. Mir waren och an den Universal Studios zu Osaka, och um Flying Dinosaur. Gottseidank war en do net hänke bliwwen.  


Klickt opt Foto fir de youtube channel
Klickt opt Foto fir de youtube channel

Ein neues Jugendbuch entsteht gerade. Meine Japanreise hat mich hierzu inspiriert. Im April fliegen wir wieder hin und freuen uns sehr.  Das neue Buch ist in deutscher Sprache.