· 

Literatur aus Japan

Mat "Von Männern, die keine Frauen haben" huet et ugefaang. Dunn direkt op dee Riese-Schmöker 1Q84 : Band 1, 2 an 3. Elo grad liesen ech "Die Pilgerjahre des farblosen Herrn Tazaki. Den HARUKI MURAKAMI huet mech fest am Grëff. Emsou méi freeën ech mech op eis nächst Rees a Japan fir do op Plazen ze kommen, déi hien a senge Bicher beschreift. Op Facebook gëtt et vill Säiten fir Fans an eis Bibliothéiken hei zu Lëtzebuerg hu vill vu senge wonnerbare Bicher an hire Stellage stoen. Ech kann se just recommandéieren. Spéidstens wann Dir op Ärem Balkon stitt a wéi ech nuets an den Himmel kuckt fir do nom 2te Mound ze sichen, sidd Dir him definitiv verfall.