NEI Geschichte fir grouss Kanner an dëser Corona-Zäit. Op mengem You-Tube Channel. Klick opt Foto ennendrënner fir direkten Accès.
De Fäert-Uasch gouf nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2018. Klickt opt Bild fir de kurzen RTL Interview ze lauschteren. D'Fabienne Zwally vun RTL huet ee liewegen Zesummeschnëtt gemaach. MERCI.
Nei Rubrik hei: ALLERLEE
Texter a Gedichter zu aktuellen Themen oder einfach just Gedanke vu mir
Net kopéieren oder benotzen ouni meng schrëftlech Erlabnis...Mail un cathynka2879@gmail.com
Op der "Onverëffentlëcht"-Säit vum "Bichergeck"...ee neien Artikel! Ee Lieserbréif ass ageschéckt a waard nach op seng Validatioun.
Ech setze mech dofir an, dass d'Leit hiere Verstand am Auto un-, an hieren Händy dofir ausschalten.
Fir méi Sëcherheet am Verkéier fir eis alleguer!
Link mat Klick opt Bild fir dee ganzen Artikel ( Juli 2018)
MERCI JESSICA MERSCH

Einfach opt Foto klicken fir den Artikel ze liesen. En ass ganz perséinlech. Oder luust op der Martine hier FB-Säit. Sou fannt Dir ëmmer nei Bicher fir ze liesen.
Enn Oktober 2017 war zu Aarhus an Dänemark ee grousse Kanner- a Jugendliteraturfestival. 39 Schrëftsteller aus ganz Europa koumen zesummen. Et ware Liesungen a Workshops am Dokk1. Den Dokk1 ass eng immens modern Bibliothéik! Eng super Erfarung. Ech duerft Lëtzebuerg do vertrieden an ech hat eng wonnerbar Liesung zesumme mat 2 Schrëftstellerinnen aus Éisträich, der Elisabeth Steinkellner an der Michaela Holzinger.